Rido Christiane
  • EIS ACTIVITÉIT
  • EIS ARTIKELEN
  • EIS MARKEN
  • NEIEGKEETEN
  • KONTAKT
PreviousNext
1234567

Häerzlech Wëllkomm op rido-christiane.lu

Säit elo méi wéi 35 Joër doën ech Fënsteren un, mol klassesch, mol modern, passend zu ärem Interieur.

A mengem eegenen Atelier an/oder an Zesummenaarbecht mat seriéisen Firmen kann ech Iech all Zorten vun Ridoën, Lambrequinen, Stores Américains, Parois Japonais, Rolloën, Plisséen, …asw, crééieren.

Ech hu kee Geschäft mat Showroom. Ech kann also zu jidder Zäit mat enger helle Wull Musteren vun deene renoméiersten Marken bei Iech heem kommen fir Iech an Ärem Ambiente ze beroden. Dir braucht mir nëmmen unzeruffen fir mat mir e Rendezvous ze maachen a braucht Iech net ze deplacéieren.

Och sämtlech Accessoiren, wéi z.B. Staangen, Embrassen, … kënnt Dir eraussichen.  Soubal mir eis eens sinn, schécken ech Iech e gratis Devis, an Dir kënnt Iech ganz a Rou iwwerleeën op dir eis ärt d’Vertrauen schenkt.

Dëst Offer gëllt natierlech och fir de professionelle Beräich, wou ech eng ganz Gamme feierfest Stoffer ubidden kann.

Ech freeë mech op är Bekanntschaft
Christiane Schneider

Schneider Christiane
6, Batzent
L-8551 Näerden

Tél.: 23 620 847
Fax: 26 620 502

© Copyright 2020 – Schneider Christiane – Designed and Developed by Wedo.lu

Scroll to top